Show-Concert: Disney in Concert

Show-Concert: Disney in Concert

Den 15. an 16. November 2025 invitéiert d’Harmonie Klengbetten ënner der Direktioun vum Rob Köller op hir Disney-Concerte am Centre Culturel “Keeseminen” zu Stengefort.


🏰 Magic Kingdom — Disney in Concert

Samschdes, de 15. November um 20:00 Auer

D’Musek presentéiert e Concert mat de schéinsten an emotionalste Lidder aus der magescher Disney-Welt. Eng onvergiesslech musikalesch Rees fir Grouss a Kleng. Kommt laanscht a loosst Iech verzauberen!

Magic Kingdom Disney in Concert

🪄 Disney fir déi Kleng — Matmaach Concert

Sonndes, de 16. November um 15:00 Auer

E Matmaach-Concert speziell fir déi jéngst Disney-Fans. D’Kanner kënnen aktiv matmaachen, matsangen a sech op d’Musek beweegen, a ginn esou Deel vun enger interaktiver Rees. En magescht Erliefnes fir eis Kleng!

Disney fir déi Kleng

❤️ Merci un eis Sponsoren

Sponsoren Show-Concert 2025