Iwwer eis

Geschicht

D’Klengbettener Musek gouf den 30. August 1894 vun Eisebunner an Douanieren, déi zu Betten stationéiert waren, ënnert dem Numm „Musik-, Gesang- und Feuerwehrverein Bettingen" gegrënnt.

D’Gesangs- an d’Pompjeessektioun goufe relativ fréi opgeléist. Am Laf vun de Joren huet de Veräin den Numm Fanfare Kleinbettingen kritt. Am Joer 1968 ass aus der Fanfare eng Harmonie ginn, an zanter 2006 ass d’Harmonie Kleinbettingen eng ASBL.

Haut ass d’Harmonie Klengbetten e liewege Museksveräin, deen d’kulturellt Liewen an der Gemeng an an der Regioun mat Concerten, Cortègen an enger ganzer Rei u Manifestatioune beräichert.


Memberen

Stand: 31. Dezember 2025

D’Harmonie Klengbetten huet aktuell 92 Memberen:

  • 60 Musikantinnen a Musikanten
  • 27 Instrumentalschüler an aner Memberen
  • 3 Comitésmemberen, déi keng Musek maachen
  • de Fänrich Tony Mayer
  • den Dirigent Rob Köller

Aktivitéiten am Laf vum Joer

Iwwert d’Joer ass d’Klengbettener Musek bei ronn 30 Aktivitéiten dobäi. Dozou gehéieren ënner anerem:

  • Concerten am Fréijoer an am Summer
  • Chrëschtconcerten an der Zäit ronderëm Chrëschtdag
  • offiziell Cortègen an Zeremonien, zum Beispill fir Nationalfeierdag oder bei der Journée de commémoration
  • d’Feierlechkeete vum 1. Mee
  • d’Kiermes zu Klengbetten an zu Grass
  • kulturell Aktivitéite wéi den Theater am Fréijoer an den Dag bei der Baach

Haaptevenementer

Am Laf vum Joer spillt d’Musek vill Concerten a Cortègen. Op verschidden Evenementer si mir awer besonnesch houfreg:

Show-Concert am November

De Show-Concert ass eise grousse musikaleschen Highlight vum Joer. All Editioun steet ënnert engem eegene Motto a léisst e bestëmmt Thema oder e Kapitel aus der Museksgeschicht op der Bün opliewen.

Theater am Fréijoer

Zënter 2016 spillen d’Musikantinnen a Musikanten, mat der Ënnerstëtzung vu Frënn a Kollegen, och erëm Theater. D’Virstellunge fannen am Hispic, tëscht Hoën a Klengbetten, statt.

Dag bei der Baach

Den Dag bei der Baach ass en traditionelle Kënschtler- an Handwierkermaart, deen all Joer Ufank September am Park bei der Villa Collart zu Stengefort stattfënnt. D’Klengbettener Musek organiséiert dësen Event an Zesummenaarbecht mat der Stengeforter Gemeng.


Schülerensembel

D’Klengbettener Musek huet och e Schülerensembel. Kanner vu Klengbetten, Hoën a Grass kënnen ab hirem zweete Joer Instrumentecours am Schülerensembel matspillen. Fir matzemaachen, muss een nëmmen säin Instrument matbréngen — an natierlech Freed un der Musek hunn.


Eis Prouwen

D’Prouwen sinn all Freideg am Museksall zu Klengbetten:

ZäitGrupp
18.30 – 19.30 AuerSchülerensembel
19.30 – 21.30 AuerHarmonie Klengbetten

Matmaachen

Du hues Loscht, bei der Klengbettener Musek matzespillen? Oder wëlls du dech bénévol am Veräin engagéieren?

Da mell dech bei eis: info@hklb.lu oder iwwert Facebook an Instagram.