Dag bei der Baach 2026 — Nach eng Woch!
An nach enger Woch geet et lass! D’Harmonie Klengbetten ass prett fir den Dag bei der Baach 2026 — an e grousse Merci un eis Sponsoren, ouni déi dëst Fest net méiglech wier.
Méi liesen →
D'Harmonie Klengbetten ass e Museksveräin vu Klengbetten, deen den 30. August 1894 gegrënnt gouf. Haut zielt de Veräin ronn 60 aktiv Musikantinnen a Musikanten ënnert der Direktioun vum Rob Köller.
Mat Concerten, Cortègen an traditionelle Manifestatioune beräichert d'Klengbettener Musek dat ganzt Joer iwwer d'kulturellt Liewen an der Gemeng an an der Regioun.
Bei eis si nei Musikantinnen, Musikanten an engagéiert Leit ëmmer wëllkomm.
Du hues Loscht, matzespillen oder dech bénévol am Veräin ze engagéieren? Da mëll dech bei eis: info@hklb.lu oder iwwert Facebook an Instagram.
Du wëlls méi iwwert d'Musek wëssen? Weider Informatiounen sinn op Iwwert eis ze fannen.